Features


Dëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.



Dimmi um HandyGruppe-Bäiträg un d'Elteren/Tuteuren

  • Direkt: Noriicht direkt als Push-Notifikatioun op de Smartphone oder Tablet.
  • Iwwersiichtlech: Just d'Titulaire kënne Gruppen-Noriichte verschécken, kee Chaos duerch Vermëschung mat Elteren-Äntwerten oder Diskussiounen.
  • Links: Web-Adressen (URLs) am Text ginn automatesch erkannt a verlinkt (z.B. Links op Ministères-Informatiounen, op Projete vum Schoulwebsite, op Übungs-Websäiten…)
  • Lies-Bestätegungen: Gesitt, vu wéi enge SchülerInnen bzw. vu wéi enge Kanner d'Elteren/Tuteuren de Message gesinn hunn.
  • Attachments:Multiple Foto, PDF oder Microsoft Office Dokumenter direkt un d'Noriicht hänken

Eenzel-Gespréicher

  • Perséinlech: D'Enseignante kënnen d'Eltere vun engem spezifesche Schüler eenzel uschreiwen (enthält automatesch all d'Elteren/Tuteure vum Schüler an d'Co-Titulairen)
  • Réckfroen: D'Eltere kënnen och d'Enseignanten uschreiwen. (Optional Funktioun, déi vun den Titulairen un- oder ausgeschalt ka ginn.)
  • Master Gepréicher: D'Enseiganten aus engem Grupp kënnen ënnert sech schreiwen
  • Méi Empfänger: Et kann een ee Message gläichzäiteg an verschidden Message-Sträng schécken
  • Lies-Bestätegungen: Gesitt op d'Elteren/Tuteuren respektiv den Enseignant/Educateur de Message gesinn hunn.

Dimmi am BrowserAls App & via Web

  • App: D'Elteren an d'Enseignante kënnen Dimmi gratis am AppStore an a bei Google Play eroflueden.
  • Web: Dimmi kann och vum Browser aus iwwer app.dimmi.lu opgeruff ginn (z.B. fir méi liicht ee gréisseren Text ze tippen, oder fir Leit déi keen aktuelle Smartphone hunn)

Vu Lëtzebuerg fir Lëtzebuerg

  • Hosting: Entwéckelt a gehost zu Lëtzebuerg. Mat gréngen Stroum bedriwwen
  • Support: Telefonesche Support op enger lëtzebuergescher Telefonsnummer disponibel. Fir d'Enseignanten, awer och direkt fir d'Elteren.
  • Training: Aféierungs-Versammlungen sinn direkt an der Schoul méiglech, awer och als Webinar oder als individuell Online-Sessioun.

Keng Sammlung vun Donnéeën

  • Privacy: Keng Reklammen. Keng Vermaartung vun Ären Daten!
  • Simplicitéit: Gekoppelt un d'Benotzerkonte vun enger OLEFA-Websäit vun Ärer Schoul.
  • Minimal Donnéeën: Net un Telefonsnummere gekoppelt. E-Mails Adressen droen d'Eltere selwer an (fir vergiesse Passwierder etc.), an déi ginn och kengem anere gewisen.