Uleedung Elteren / Erzéiungsberechtegt
- Kurzanleitung auf Deutsch
- Guide rapide en français
- Quick guide in English
- Guia de início rápido em português
Léif Elteren / Erzéiungsberechtegt,
Mat Hëllef vun Dimmi kënne Schoulen a Betreiungsstrukturen Nochriichten an nëtzlech Informatiounen un d'Elteren/Erzéiungsberechtegt schécken. (Dobäi gi keng Telefonsnummere benéidegt, E-Mail Adresse ginn anere Persounen net ugewisen. Keng Reklammen.)
Remarque: Falls Dir Dimmi scho fir een anert Kand / fir eng aner Grupp benotzt, kënnt Dir direkt zum 4. Schrëtt weider goen, an an der App "Authentifizéieren" auswiele, fir ee weidere QR-Code ze scannen.
1. App eroflueden
2. Ee Konto erstellen
Klickt an der App op Registréieren a meld Iech mat Ärem Numm, enger gülteger E-Mail Adress an engem beliebege Passwuert un (mindestens 5 Stellen, mat Zifferen, Grouss- und Klengbuchstawen).
Dir erhaalt eng E-Mail un déi agedroen Adress. Klickt do op de Link, fir d'Adress ze bestätegen.

3. Umellen
Mellt Iech mat der gewieltener E-Mail Adress an dem gewielte Passwuert an der App un.
4. Sech als Elterendeel/Erzéiungsberechtegten ausweisen
Klickt an der App bei Authentifizéieren op „Elo scannen“, a riicht d'Kamera vun Ärem Gerät op de Code, deen Dir vun der Schoul oder der Betreiungsstruktur krut.

5. Lass geet et
Ab elo kënnt Dir Nochriichte kréien.