Oft gestallte Froen
Allgemeng Froen
Kann eng Persoun Dimmi op méi Geräter notzen?
Jo, et muss een sech just mat der selwechter Email-Adress aloggen. Et ass net néideg een neie QR-Codes ze scannenVideo uweisenEch hu mech registréiert, awer keng Email mat dem Bestätegungslink kritt.
Préift w.e.g., ob sech d'Email eventuell an Ärem Spam-Dossier befënnt, oder ob Dir Iech bei der Registréierung net an der Email-Adress vertippt hutt.Video uweisenWéini komme nei Funktiounen?
Dimmi gëtt lafend weider entwéckelt. Aktuell si keng nei Funktioune geplangt, mee éischter Verbesserunge vu bestoenden Eegenschaften.Video uweisenKann een Texter am Dimmi iwwersetzen?
Op iOS kënnt Dir den Text auswielen, drop drécken, op den Feil den no riets geet an dann "Übersetzen" uklicken.Video uweisenDëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.Op Android kënnt Dir den Text auswielen, drop drécken, ob déi 3 Punkten goen an "Übersetzen" auswielen.Video uweisenDëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.Wéi kann ech d'Notifikatiounen zu bestëmmten Zäiten ofschalten?
Op iOS (ab Versioun 16) musst Dir op Handy-Einstellungen goen, an der Rubrik "Fokus" drécken, en gewënschten "Fokus" drécken an dann folgendes maachen:
Mitteilungen stummschalten von: "Apps" Dimmi auswielen
Mitteilungen stummschalten von: "Personen" Keine auswielen
Fir e klengen Extra, kënnt Dir erofscrollen an Auerzäiten & Deeg auswielen déi Iech passen.Video uweisenDëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.Wéi kann ech eng Verbindung trennen?
Falls Dir e QR-Code gescannt hutt, deen Iech net gehéiert oder wann Dir keng Noriichten a Bäiträg vun Ärer Verbindung méi kréie wëllt, da kënnt Dir dës och trennen.
- Maacht de Menü op
- Klickt op „Authentifizéieren“
- Klickt op d'Verbindung; eng Lëscht mat zwou Optiounen geet op
- Klickt op „Ewechhuelen“
- Gitt am Dialog, deen opgeet, Äert Dimmi-Passwuert an a haalt de Knäppchen „Verbindung ewechhuelen“ 8 Sekonnen laang gedréckt.
Fir de Verlaf vun de Bäiträg an Noriichten net méi ze gesinn, kënnt Dir an den Astellungen d’Optioun „Archiv uweisen“ ausschalten.Video uweisenEch hunn eng nei E-Mail-Adress. Wéi änneren ech se am Dimmi?
Fir Är E-Mail-Adress am Dimmi ze änneren, kënnt Dir Folgendes maachen:
- Maacht de Menü op a wielt "Kont" aus
- Klickt "E-Mail" un an en Dialog "E-Mail Adress änneren" geet op
- Gitt am éischte Feld déi nei E-Mail-Adress an an am 2. Feld Äert Passwuert
- Klickt op "Uwenden"
Dir kritt op Är nei E-Mail-Adress e Link zougeschéckt fir d'Ännerung ze bestätegen andeems Dir Äert Passwuert vum Dimmi Kont ugitt.
Falls Är nei E-Mail-Adress scho mat engem Dimmi Konto associéiert ass, da wäert d'Ännerung net goen.
Wann Dir fäerdeg sidd, kënnt Dir d'App eng Kéier zou- an erëm opmaache fir d'Ännerung am Dimmi Kont ze gesinn.Video uweisenEch gesinn nach déi al Noriichten a Bäiträg. Wéi kann ech dat ewechhuelen?
Et gëtt eng Astellung fir al Gruppen-Posts a Noriichten ze verstoppen:
- Maacht de Menü op
- Klickt op "Astellungen"
- D'lescht Astellung "Archive vu Gruppen an Noriichten uweisen" ausmaachen
Bei "Gruppen", "Noriichten" & "Startsäit" ginn déi archivéiert Gruppe, respektiv Gespréicher & Posts dann net méi mat opgelëscht.Video uweisen
Froe spezifesch fir Elteren
Wéi laang si d'QR-Codes gülteg?
2 Méint. De geneeën Oflafdatum befënnt sech ënnert dem QR-Code.Video uweisenKënnen sech béid Eltere mat dem selwechte QR-Code authentifizéieren?
Jo. Si kënnen sech mat ënnerschiddlechen Email-Adressen App-Konten uleeën, awer de selwechte QR-Code scannen.Video uweisenKënnen aner Familljememberen (z.B. d'Boma), aner Erzéiungsberechtegt oder eng Dagesmamm de QR-Code scannen?
Jo, mee opgepasst: Dimmi erlaabt et de Responsabelen d'Eltere vun engem eenzele Kand unzeschreiwen. Déi Noriichte kéinte perséinlech Informatiounen enthalen déi net fir jidderee geduecht sinn (och net an der Famill)Video uweisenKënnen Eltere méi Kanner androen?
Jo. Pro Kand erhält een ee QR-Code. Noriichte kënnen no der Klass, Grupp oder dem Kand gefiltert ginn. Bei der éischter Umeldung gëtt automatesch den "Authentifizéieren"-Schierm ugewisen, spéider kann dësen iwwer den "Authentifizéieren"-Punkt am Menü opgeruff ginn.Video uweisenDëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.De QR-Code ass ofgelaf, wat maachen ech elo?
Fir en neie QR-Code ze kréien, biede mir Iech, Iech beim Enseignant (Schoul) oder beim Responsabele vun der Struktur (SEA) ze mellen.
Nëmmen si kënnen Iech en neie QR-Code zur Verfügung stellen. EducDesign respektiv den technesche Support vun Dimmi huet keen Zougrëff op dës QR-Coden.Video uweisenWéi kann ech gesinn, wien nach de QR-Code vu mengem Kand gescannt huet?
Fir ze gesinn, wien nach de QR-Code gescannt huet an all Noriichten a Bäiträg vun Ärem Kand matkritt, kënnt Dir esou virgoen:
- Maacht de Menü op
- Klickt op „Authentifizéieren“
- Klickt op d’Verbindung vun Ärem Kand; eng Lëscht mat zwou Optiounen geet op
- Klickt op „Authentifizéiert Konten uweisen“
Den Numm, deen Dir do gesitt, ass dee Numm, deen d’Persoun sech an der Dimmi-App ginn huet.
Wann Dir eng Persoun an der Lëscht gesitt, déi do net dierft stoen, an Dir dës Persoun kennt, kënnt Dir hir Bescheed soen d’Verbindung ze trennen.
Wann Dir dës Persoun net kennt, da mellt Iech wgl. beim Enseignant (Schoul) oder beim Responsabele vun der Struktur (SEA) vun Ärem Kand.Video uweisen
Froe spezifesch fir d'Léierpersonal
Kënnen sech an enger Klass méi Enseignante registréieren?
Jo. Jiddereen kann an der Grupp Noriichte verschécken, an erhält och d'Noriichte vun de Kolleegen/Kolleeginnen. Zu dësem Zweck mussen op der Schoul-Websäit all d'Enseignanten als Verantwortlech vun der Grupp agedroe sinn, an all Enseignant muss sech dann eenzel aloggen a säi Code ascannen. (W.e.g. net de QR Code vun engem Kolleeg/enger Kolleegin scannen, well soss d'Noriichten ënnert engem falsche Numm verschéckt ginn.)Video uweisenKënnen och zousätzlech Léierkräften, déi eenzel Stonnen an der Klass hunn (z.B. Förderunterricht, "Surnuméraires", …) Dimmi mat notzen?
Theoretesch jo. Si missten allerdéngs an all Klass eenzel agedroe ginn (als normale Member fir Noriichten ze Empfänken, oder als Instrukter fir Noriichten ze verschécken), a si misste fir all Klass ee QR-Code scannen. Si géifen da fir all Klass all d'Noriichten erhalen.Video uweisenKann een Enseignant a méi Klassen agedroe sinn?
Jo, awer fir all Klass muss ee QR-Code gescannt ginn.Video uweisenWann een d'QR-Code fir d'Elteren nei generéiert (well z.B. ee Schüler bäikoum, iergendeen säi Code verluer huet, …), verléieren déi al Coden dann hir Gültegkeet?
D'Generéierung vun nei Code mécht déi al ongülteg, mee huet keng Auswierkung op Konten déi de Code scho gescannt hunn.Video uweisenKann eng Noriicht nodréiglech verännert/geläscht ginn?
Veränneren ass net méiglech, mee läsche geet. D'Noriicht léisst sech awer nëmmen an der App selwer läschen; d'Notifikatioune bleiwe bestoen.Video uweisenWat geschitt beim Wiessel vum Schouljoer?
Wéi all Joer ginn op Ärem Schoul-Website d'Schülerkonten aus de Gruppen eraus geholl, a gëllen domat als inaktiv. (Normalerweis gëtt dat Ufanks August gemaach, ausser wann d'Schoul eppes anescht ugefrot huet.) Am Dimmi ginn domat och d'Konte vun den Elteren innerhalb vun der Grupp inaktiv.
Och wann den Enseignant déi selwecht Klass behält, muss en um Schoulwebsite d'Kanner hannescht a säi Grupp zéien, an den Elteren d'QR Codes frësch ausdeelen.Video uweisenWéi kann ech astellen, dass d'Eltere mir Noriichte schécke kënnen?
Am Menüpunkt "Gruppen", kënnt Dir eng Grupp auswielen an dono op d'Zännrad drécken. Do kënnt Dir d'Astellung un- oder ausmaachen.Video uweisenDëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.Wéi kann ech gesinn, wie mäi QR-Code nach gescannt huet?
Fir ze gesinn, wien nach Äre QR-Code gescannt huet an Noriichten a Bäiträg an Ärem Numm schreiwe kann, kënnt Dir esou virgoen:
- Maacht de Menü op
- Klickt op „Authentifizéieren“
- Klickt op Är Verbindung; eng Lëscht mat zwou Optiounen geet op
- Klickt op „Authentifizéiert Konten uweisen“
Den Numm, deen Dir do gesitt, ass deen Numm, deen d’Persoun sech an der Dimmi-App ginn huet.
Wann Dir eng Persoun an der Lëscht gesitt, déi do net dierft stoen, an Dir dës Persoun kennt, kënnt Dir hir Bescheed soen d’Verbindung ze trennen.
Wann Dir dës Persoun net kennt, kënnt Dir eis per kontaktéieren.Video uweisen
Froe spezifesch fir d'SEA-Personal
Kënnen sech fir eng Grupp vu Kanner méi Educatricen/-teurs registréieren?
Jo. Jidderee kann an der Grupp Noriichte verschécken, an erhält och d'Noriichte vun de Kolleegen/Kolleeginnen. Zu dësem Zweck mussen déi respektiv Educatrice/-teurs als Verantwortlech vun der Grupp agedroe sinn, an all Gruppeverantwortlech muss sech dann eenzel aloggen a säi Code ascannen. (W.e.g. net de QR Code vun engem Kolleeg/enger Kolleegin scannen, well soss d'Noriichten ënnert engem falschen Numm verschéckt ginn.)Video uweisenKann eng/een Educatrice/-teurs a méi Gruppen agedroe sinn?
Jo, awer fir all Grupp muss ee QR-Code gescannt ginn.Video uweisenWann een d'QR-Code fir d'Elteren nei generéiert (well z.B. e Kand bäikoum, iergendeen säi Code verluer huet, …), verléieren déi al Coden dann hir Gültegkeet?
D'Generéierung vun nei Code mécht déi al ongülteg, mee huet keng Auswierkung op Konten déi de Code scho gescannt hunn.Video uweisenKann eng Noriicht nodréiglech verännert/geläscht ginn?
Veränneren ass net méiglech, mee läsche geet. D'Noriicht léisst sech awer nëmmen an der App selwer läschen; d'Notifikatioune bleiwe bestoen.Video uweisenWéi kann ech astellen, dass d'Eltere mir Noriichte schécke kënnen?
Am Menüpunkt "Gruppen", kënnt Dir eng Grupp auswielen an dono op d'Zännrad drécken. Do kënnt Dir d'Astellung un- oder ausmaachen.Video uweisenDëst ass ee Youtube Video. Klickt hei, fir Cookien vu Google z'akzeptéieren.Wéi kann ech gesinn, wie mäi QR-Code nach gescannt huet?
Fir ze gesinn, wien nach Äre QR-Code gescannt huet an Noriichten a Bäiträg an Ärem Numm schreiwe kann, kënnt Dir esou virgoen:
- Maacht de Menü op
- Klickt op „Authentifizéieren“
- Klickt op Är Verbindung; eng Lëscht mat zwou Optiounen geet op
- Klickt op „Authentifizéiert Konten uweisen“
Den Numm, deen Dir do gesitt, ass deen Numm, deen d’Persoun sech an der Dimmi-App ginn huet.
Wann Dir eng Persoun an der Lëscht gesitt, déi do net dierft stoen, an Dir dës Persoun kennt, kënnt Dir hir Bescheed soen d’Verbindung ze trennen.
Wann Dir dës Persoun net kennt, kënnt Dir eis per kontaktéieren.Video uweisen
Dimmi kréien